Mataarbechter (m/w) am Rangéierdëngscht - CFL cargo

Réf 17RH03 RANG

CFL cargo stellt an

Mataarbechter (m/w) am Rangéierdëngscht

Är Aufgaben

  • Waggonen zesummen- an ofhänken
  • Bremsprouf maachen
  • Wueren an Waggonen iwwerpréiwen
  • Rangéierfahrte leeden

Dir sitt richteg bei eis, wann Dir

  • Op mannst e CATP/DAP, de Führerschäin & en Auto hut
  • Kierperlech fit, flexibel & motivéiert sit
  • Eegestänneg kennt schaffen & Entscheedungen treffen
  • Dräisprocheg am Liesen, Schwätzen & Verstoe sit (lëtzebuergesch, franséisch an däitsch)
  • Bereet sit op Schichten ze schaffen (24/24 an 7/7) an dat ënnert allen Wiederkonditiounen

Mir bidden

  • Eng ofwiesslungsräich Aarbecht an engem dynameschen Ëmfeld
  • Spezifesch Ausbildungen am Eisebunnsberäich & kontinuéierlech Weiderbildung
  • En interessante Salaire an intern Weiderentwëcklungsméiglechkeeten
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Äre Liewenslaf, Diplom, Extrait vum Casier a Motivatiounsbréif un jobs@cfl-mm.lu
 

Back to the list

News